LIEBLINGSFACH
LIEBLINGSFACH as e Konzept, dat de Kanner a Rou, beweegt, als Rees mat Klang di wonnerbar Méiglechkeete vun der Uechtsaamkeet mi no bréngt. Fir e méi erfëlltend Liewen. Fir eng besser Welt. Mateneen.
Mir man eis Häerzbildung zur Häerzenssaach
Glécklech Kanner wënsche mir eis all. Mee wéi geet daat mat deem Glécklech sinn? Waat bedeit Uechtsaamkeet? Wee sinn ech eigentlech? Waat brauch ech, fir mech gudd ze spieren?
D’Ziel vun de Workshop’en vu LIEBLINGSFACH ass et, dass d’Kanner léiere, mat hiire Gedanken a Gefiller emzegoen an ze entdecken, wéi groussaarteg si sinn.
Ech bidde Workshop’en zu Meespelt un, fueren awer och gär a Schoulen a Maison Relais’en, fir dat LIEBLINGSFACH ze ennerriichten.
Mat de Hëllef vu LIEBLINGSFACH-Methoden léiere Kanner respektvoll mat sech an Aneren emzegoen. Manner Konkurrenz, mnner Drock a Stressreduktioun sinn di Haaptziiler vun eise Workshop’en. Mir wëllen, dass Kanner sech selwer an Anerer unhuele léieren. Mat alle Stäerkten a Schwächen. Gemeinsam wëlle mir viirwëtzeg sinn, wuessen an dobäi vill Spaass hunn. Mir ginn de Kanner Methoden mat un d’Hand:
fir méi Uechtsamkeet
fir e friddlecht Mateneen
fir d’Chance op en erfëlltend a selbstbestëmmtend Liewen
fir méi Orientéirung an eiser schnelllieweger Zäit
Nei Terminer fir Workshop’en zu Meespelt
- iwer 6 Wochen (ëmmer Dënschdes Mëttes)
- eenzel Terminer an de Scoulvakanzen
–> HEI <- per Newsletter gewuer ginn
Ufroen fir Gruppen / Schoulen / Maison Relais’en op amh@pt.lu oder 691593192